





De 14ten Abrëll huet d‘Fraktioun vun der CSV een immens interessanten Diskussiounsowend mat den ënnerschiddlechen Acteuren aus der Landwirtschaft an de Betriber gemaach.
Ganz am Zeechen vun der Landwirtschaft an der Entwécklung am ländleche Raum goung et ëm Themen ewéi:
eis aktuell Erausfuerderungen a Chancen vum Asatz vun der KI
d‘Wichtegkeet vun der lokaler a regionaler Liewensmëttelproduktioun
den europäeschen Entscheedungen, déi d‘Landwirtschaft beaflossen
d‘Mesuren vun der Regierung fir all déi betraffen Léit bäschtméiglech ze ënnerstëtzen an ze entlaaschten.
Eis Landwirtschaft mat all den Acteuren ass een immens wichtegen Pilier vun Lëtzebuerg, den weiderhin erhal an ausgebaut muss ginn. Dat am Sënn vun a mat de Léit zesummen![]()