Skip to content

WALEN 2017

D’Resultater vun der CSV Ettelbréck-Waarken 2017 (39,97%):

SCHAAF Jean-Paul 1.976
SOLVI Paul 1.641
NICOLAY Pascal 1.391
JUNCKER Edmée, ép. FEITH 1.351
SCHMIT Mireille, ép. REUTER 1.111
DIEDERICH Patrick 1.031
RASQUI Luc 1.016
CONZEMIUS Sonja 970
WAGNER Elisabeth 938
RENCKENS Lucien 867
PINTO Ana 840
DICHTER Viviane, ép. THEIS 836
DA SILVA Sonia, ép. LAGE 801

Den 31. Mäerz 2017 huet d’Generalversammlung vun der CSV Sektioun Ettelbréck-Waarken d’Kandidatelëscht fir d’Gemengewahlen vum 8. Oktober ugeholl.

Et sinn dat 7 Fraen a 6 Männer, dovunner 3 vu Waarken an 10 vun de verschiddene Quartieren vun Ettelbréck:

  • Jean-Paul SCHAAF, 51 Joër, Buergermeeschter, Assistant social
  • Sonja CONZEMIUS, 30 Joër, Affekotin
  • Sonia DA SILVA ép. LAGE, 35 Joër, Sekretärin beim LCGB
  • Viviane DICHTER ép. THEIS, 51 Joër, Responsabel Ressources Humaines – Formation am CHdN
  • Patrick DIEDERICH, 28 Joër, Architekt
  • Edmée JUNCKER ép. FEITH, 63 Joër, Gemengerotsmember zënter Januar 2000
  • Pascal NICOLAY, 47 Joër, Gemengerotsmember zënter 2005, Bibliothécaire-documentaliste gradué
  • Ana PINTO, 41 Joër, Fonctionnaire
  • Luc RASQUI, 50 Joër, Spuerkeesbeamten
  • Lucien RENCKENS, 59 Joër, Fonctionnaire
  • Mireille SCHMIT ép. REUTER, 49 Joër, Ekonomieprofesser
  • Dr. Paul SOLVI, 63 Joër, Chirurg, Unfallchirurg a Sportsmedeziner
  • Elisabeth WAGNER, 28 Joër, Assistante sociale

Är Kandidaten

Jean-Paul Schaaf

51, Buergermeeschter, Assistant social, Ettelbréck

  • Bestuet a Papp vun 3 Kanner
  • Assistant social
  • Buergermeeschter
  • President vun der “Commission des bâtisses et de l’urbanisme”
  • Vertrieder am Conservatoire, Syndikat Fridhaff (ZANO), “Comité Politique Nordstad” an am Verwaltungsrot vun der Klinik (CHdN)

De Jean-Paul Schaaf ass 1994 an den Gemengerot komm an féiert zënter 2003 eis Gemeng als Buergermeeschter. Seng sozial Oder, seng Freed un de Mënschen a säi Verständnis fir di perséinlech Uleies vun de Léit maachen aus him ee jovialen Politiker fir unzepaken. Dass hien ee Frënd vum Vëlo ass, an dësen och an all Planung Rechnung dréit, brauch ee net méi ze soen. Hei bleift nach vill ze maachen, an dat spornt hien un. An de leschten 15 Joer huet eis Gemeng sech vill verbessert a Saachen Infrastruktur, Versuergungssécherheet, Equipementer an Stroossebau. An der leschter Period 2011-2017 lung dem Jean-Paul ganz besonnesch Biergerbedeelegung um Häerz! Hien huet sech informéiert a forméiert ier mat der Maartplaz, dem Verkéierskonzept, dem Stadmarketing, der Stadvisioun 2030, dem Energiekonzept an elo dem Vëloskonzept landeswäit exemplaresch Aktiounen vun Bedeelegung a Matgestalten ugebueden goufen. Op zukünfteg Erausfuerderungen, wéi Schoulplanung, Maison Relais an PAG (Gesamtbebauungsplan) si mir optimal virbereet a kënnen mat Vertrauen mat eisem Buergermeeschter no fir kucken.

Email
Facebook

Sonia Da Silva

35, Consultante Info-Center beim LCGB, Ettelbréck

  • Bestuet a Mamm vun 2 Kanner
  • Consultante Info-Center beim LCGB

D’Sonia Da Silva

huet déi portugisesch Nationalitéit, ass zu Lëtzebuerg gebuer a wunnt zënter 30 Joer zu Ettelbréck. Als Mamm vun 2 Kanner an als auslännesch Matbiergerin sinn him besonnesch d’Integratioun vun den auslännesche Matbierger esou wéi d’Familljepolitik wichteg.

Duerch déi deeglech Konfrontatioun mat de Suergen a Problemer vun de Léit an der Aarbechtswelt ass hat ganz staark un der Sozialpolitik interesséiert.

Facebook

Viviane Dichter ép. Theis

51, Infirmière en Pediatrie am CHDN, Ettelbréck

  • Bestuet a Mamm vun 2 Kanner
  •  Infirmière en Pediatrie / Responsable Formatioun am CHDN

D’ Viviane Dichter wunnt säit 30 Joer zu Ettelbréck an schafft zënter 1987 am Centre Hospitalier du Nord, wou hat verantwortlech fir d’Weiderbildung vum Personal ass .

Nei an der Lokalpolitik wëll hat sech fir eng nohalteg Liewensqualitéit esou wéi fir attraktiven Liewens- a Beweegungsraum a Mobilitéit asëtzen. Präventive Gesondheetsschutz an Gesondheetsförderung vu Jonk an Aal  an all Forme, stinn am Mëttelpunkt vu sengen Interessen.

Besonnesch um Häerz leit him eng gutt  Informatioun an Kommunikatiounspolitik wou mir all eis  Bierger motivéieren sech op verschidde Weeër mat anzebannen.

Facebook

Patrick Diederich

28, Architekt, Ettelbréck

  • Architekt bei Jonas Architecte Associés Ettelbruck
  • Member vun der ASBL Sauvegarde du Patrimoine

Orientéiert un eng modern Stadentwécklung a bedéngt duerch säi Beruff als Architekt léit dem Patrick Diederich d’ Bauten- a Verkéierspolitik am meeschtem um Häerz.
Besonnesch awer eng gesond Kombinatioun tëscht dem historesche Patrimoine an der moderner Architektur sinn him wichteg.

De Patrick weess dass statt enger lueser Entwécklung vun isoléierten Deelprojeten et gelt, eng eenheetlech Siichtweis ze fannen an dat zesumme mat de Bierger als Partner.

Als Ettelbrécker Jong a fréieren Member vun den Ettelbrécker Naturfrënn wëll hien sech natierlech och fir d’Ëmwelt an d’Natur an eiser Gemeng staark maachen an dofir suergen dass d’Ettelbrécker Bierger och weiderhin hier Noerhuelungsgebidder erhalen a weider verbessert kënne ginn. Verkéier an Ëmwelt ass kee Widdersproch mee gehéiert zu enger moderner a funktioneller Verkéierspolitik!

Email
Facebook
Twitter

Edmée Juncker ép Feith

64, Fonctionnaire e.r., Ettelbréck

  • Bestuet a Mamm vun 2 Meedercher
  • Fonctionnaire e.r.
  • Gemengerotsmember
  • Presidentin vun der “Commission des relations humaines”
  • Co-Presidentin vun der “Commission de la circulation, de l’accessibilité et de la mobilité douce”
  • Member vun der Schoulkommissioun
  • Presidentin vun der CSV Sektioun Ettelbréck-Waarken

Mat Häerz an Engagement setzt d’Edmée Juncker sech zënter 18 Joer am Gemengen-, a Schäfferot fir d’Wuel vun alle Bierger aus eiser Gemeng an.

Eng gréisstméiglech Sécherheet an alle Liewenssituatiounen, eng nohalteg Ëmwelt, eng adequat Verbesserung vun der haiteger Verkéierssituatioun an eng Stäerkung vum Tourismus a vun der Geschäftswelt, dat sinn ënner Aneren d’politesch Zieler déi d’Edmée sech och fir déi nächst 6 Joer gesat huet.

Als Schäffen- an Gemengerotsmember huet hat sech verstärkt fir déi pädagogesch Konzeptioun an den Opbau vun der Maison Relais agesat, déi d’Fréijoer 2018 opgeet.

„Sech engagéieren fir kënne matzegestalten an esou Situatiounen ze verbesseren“ war, ass a bléift dem Edmée Juncker säi Motto.

Email
Facebook

Pascal Nicolay

47, Bibliothécaire-Documentaliste gradué, Ettelbréck

  •  Bibliothécaire-Documentaliste gradué an der Bibliothèque Nationale
  • Gemengerotsmember
  • President vun der “Commission de l’intégration des Etrangers”
  • President vun der “Commission de la Sécurité du Citoyen”
  • Comitésmember vum Pattonmusée an der Ettelbrécker Bibliothéik

Fir den Image de marque vun Ettelbréck ze verbesseren  an di perséinlech Identifikatioun vun allen Awunner mat hirer Stad ze fërderen huet de Pascal Nicolay an de leschten 12 Joer als  Gemengerotsmember – zesumme mat senge jeeweilegen Comitéskollegen – eng Bibliothéik gegrënnt, de Pattonmusée ausgebaut, de Sentier urbain touristique erschaf, a verschidde Festivitéiten mat organiséiert.

Als President vun der Secherheets- an Intergratiounskommissioun huet hien vill Verantwortung iwerholl. An däer Richtung fiert hien och weider.

Email

Ana Pinto ép. Grosber

41, Fonctionnaire, Ettelbréck

  • Mamm vun 2 Kanner
  • Fonctionnaire
  • Member vun der “Commission scolaire” an der “association des parent d’élèves”
  • Member am “Comité permanent à l’égalité des chances”

Als Mamm fennt d’Ana Pinto et ganz wichteg d’Liewensqualitéit vun de Kanner an den  Elteren an eiser Gemeng ze verbesseren, d.h. eng top Kannerbetreiung, eng modern Schoul, en erschwengleschen Wunnengsraum, en Bummelbus fir Ettelbréck, déi bescht méiglech Sécherheet asw.

Eis Stad soll mat enger villfälteger Geschäftswelt, mat hirer interessanter Geschicht an Kultur nach méi attraktiv ginn an esou positiv an de Käpp vun de Leit bleiwen. Ettelbréck soll nach méi Loscht maachen…

Facebook

Luc Rasqui

50, Conseiller Logement Spuerkees, Ettelbréck

  • Bestuet a Papp vun 2 Jongen
  • Conseiller Logement op der Spuerkees
  • Comitésmember vum DT Etzella
  • Member vun der Jugendkommissioun vum BBC Etzella

Als Ettelbrécker Jong läit dem Luc Rasqui vill un enger dynamescher Entwécklung, enger verbesserter Liewensqualitéit an der Attraktivitéit vun eiser Stad, souwéi enger gesonder Finanzpolitik fir weiderhin genuch finanzielle Spillraum fir flott Projeten ze hunn.

Hien sëtzt sech mat Häerz a Séil fir Jugendaarbecht an 2 Sportsveräiner vun eiser Gemeng an. Mä och d’Ëmwelt, d’Fräizäitgestaltung an d’Familljepolitik leien him um Häerz.

Lucien Renckens

59, Fonctionnaire, Ettelbréck

  • Papp vun 2 Kanner
  • Fonctionnaire Post Telecom
  • President vum Liichtathletikveräin CAPA
  • Vizepresident vun der Antenne collective Ettelbruck

De Lucien Renckens wunnt säit iwwer 20 Joer zu Ettelbréck an ass aktive Gewerkschaftler bei der Post.

De Luss ass President vum CAPA, a Vize-President vun der  “Antenne collective”. Als Comitésmember vun der “Denkfabréck Nordstad“ léit him déi regional Zesummenaarbecht besonnesch um Häerz.

De Luss ass een engagéierten Veräinsmensch a péckt gären eng Hand un wou se gebraucht gëtt. De Sport an d’Jugend sinn fir hien prioritär.

Facebook

Mireille Schmit ép. Reuter

50, Ekonomiesprofesser, Waarken

  • Bestuet a Mamm vun 2 Jongen
  • Ekonomiesprofesser an der Ecole Privée Sainte-Anne
  • Member vun der “Commission des Finances”
  • Member vun der “Conférence Saint-Vincent de Paul” vun Ettelbréck
  • Vizepresidentin vum “Lions Club Titanium”

Fir d’Mireille Schmit ass et wichteg en oppent Ouer fir d’Suergen an d’Uleies vun de Bierger ze hunn. Dowéinst engagéiert hatt sech an der  Vinzenzkonferenz, déi Léit a Nout bei hëlleft. Als Member vun engem Service Club setzt hat sech fir sozial Projeten zu Lëzebuerg an.

Als Ekonomist leet d’Mireille Schmit grousse Wäert op eng responsabel Finanzpolitik. Hatt huet sech schonn a jonke Joren fir d’Politik interesséiert a war CSJ Presidentin vum Norden a laangjärege Member vum CSF-Nationalkomitee respektiv vun der CSF-Norden.

Dr. Paul Solvi

63, Chirurg, Ettelbréck

  • Bestuet a Papp vun 2 Meedercher
  • Chirurg
  • Member vun der “Commission de l’environnement”

Den Dr. Paul SOLVI schafft als Chirurg, Unfallchirurg an Sportmediziner zënter 24 Joer am Centre Hospitalier du Nord (CHdN) zu Ettelbréck.

Als fréieren Member vun der Commission Administrative an President vum Conseil Médical, setzt hien sech an dat eis Klinik weiderhin kompetent an modern bleift, méi grouss gëtt an nach méi Spezialitéiten den Bierger ugebueden ginn. An den leschten Joren huet hien sech aktiv an der Ëmweltkommissioun zu Ettelbréck agesat.

Am Mëttelpunkt vun sengem Interesse steet awer och d’Wuel vum eenzelen Bierger, d’Liewen an der Communautéit an d’Entwécklung vun eiser Geschäftswelt.

Elisabeth Wagner

28, Assistante sociale, Waarken

  • Assistante sociale
  • Member vun der “Commission des relations humaines”

Opgewuess zu Waarken huet d’Elisabeth Wagner decidéiert sech politesch an senger Heemechtsgemeng ze engagéieren. Hat wëll dozou bäidroen datt d’Liewensqualitéit zu Ettelbréck esou héich bleift an se och nach weiderhin verbessert gëtt.

Vu Beruff Assistante sociale an als Member vun der „Commission des relations humaines“ sëtzt d’Elisabeth sech all Dag fir d’Rechter vu Mënschen an, déi a Noutsituatiounen geroden sinn. De Mënsch am Mëttelpunkt vu sengem politeschen a sozialen Engagement, wëllt hatt sech och op kommunalem Plang fir e solidarescht Ettelbréck asetzen.

Email
Facebook

Eise Bilan – Eise Programm

PUBLIKATIOUNEN

Fotoen

Infostand Foussgängerzone
September 2017

Ettelbrécker Camping
Juli 2017

Mir wënschen Iech eng erhuelsam Vakanz!
Juli 2017

Je peux participer – je peux voter / Eu posso participar – eu posso votar
Juni 2017

Mammendag Aktioun an der Foussgängerzone
10. Juni 2017

Austausch mat Iessen zesumme mat den Dikkrecher Kandidaten
06. Juni 2017

Generalversammlung an Diskussiounsowend mam Claude Wiseler
31. Mäerz 2017