Skip to content

Eis Kandidatinnen a Kandidaten fir den 11ten Juni

Schaaf Jean-Paul Spëtzekandidat

57 Joer, Buergermeeschter an Députéierten – Assistant social, Ettelbréck

Ugefaangen mat eisem Spëtzekandidat dem Jean-Paul Schaaf.
Zënter 2003 huet de Jean-Paul seng ganz Energie als Buergermeeschter an eis Kommunalpolitik investéiert an vertrëtt eis Interessen säit 2020 och erëm fir eis an der Chamber.
Fir hien steet fest:
“Mir sinn gutt ënnerwee fir nohalteg, klimaneutral an méi verantwortlech ze ginn. Ettelbréck – Waarken garantéiert eng schéin Platz fir ee gutt Liewen!”

Dos Santos Andrade Jailza

40 Joer, Educatrice graduée, Ettelbréck

D’Jailza Dos Santos Andrade ass Educatrice graduée an  Mamm vun 3 Meedercher. Dowéinst ass fir hatt besonnesch dat gesellschaftlecht Zesummeliewen wichteg.
Duerch säin Asaz bei der kapverdianescher “Estrela do Norte asbl.” an als Mediatrice interkulturelle vir den Ministère de l’Education national hëlleft hatt bei der Integratioun vu Schüler an hirem Alldag.
Fir hatt steet fest:
Am Kär vun Ettelbréck sinn mir dobäi ëffentlech Plazen weider auszebauen, wou een sech wuel fillt, wou een sech sécher fillt a wou een zesummen eng schéin Zäit verbréngen kann. Mir stinn fir een mënschlecht Mateneen. Eng Gemeng, déi no un de Bierger ass.

Dr. Kalweit Renate

58 Joer, Gynécologue, Waarken

Dr. Renate Kalweit ass 58 Joer al an Gynekologin am CHDN. Als Mamm vun 2 Kanner an als Doktesch ass him besonnesch d’Gesondheetswiesen an der
Jugendpréventiounsaarbecht wichteg. Duerch seng villsäiteg Aarbecht investéiert hatt seng Energie an déi medizinesch Aarbecht fir d’Fraen.
Fir hatt steet fest:
Mir brauchen weiderhin eng verbessert Opnam vun de Patienten an och verbessert d’Konditiounen an eisen Kliniken. Mir sëtzen eis ënner annerem an eiser Gesondheetspolitik dofir an.

Koks Vincent

25 Joer, Educateur diplômé a Student “Assistant social”, Waarken

De Vincent Koks ass 25 Joer al an nieft sengem
Éducateurdiplom studéiert hien fir Assistant social ze ginn. Als internationale Sekretär vun der CSJ Studentenorganisatioun këmmert hien sech ëm déi europäesch Studentenpolitik. Nieft dëser Tätegkeet ass hien a verschiddenen Gremien aktiv.
Fir hien steet fest:
An eiser Gesellschaft duerf keen vergiess ginn. Aus deem Grond begréisst hien d’Moossnam, dat zwee
Sozialaarbechter oder Sozialaarbechterinnen agestallt ginn iwwert Nordstadjugend. Als CSV ass et eis wichteg eis fir déi sozial Gerechtegkeet anzesëtzen.

Lutgen Charel

28 Joer, Educateur gradué, Waarken

De Charel Lutgen huet 28 Joer, ass gebiertegen Ettelbrécker a schafft als Éducateur gradué am SOS Kannerduerf zu Miersch. Duerch säin Engagement bei de Scouten an duerch säi Beruff ass him besonnesch Kanner- an d‘Jugendaarbecht wichteg.
Fir hie steet fest: Als Gemeng musse mir eis weider dofir asetzen, dat d‘Attraktivitéit vun eisem Veräins- a Gemengeliewen fir d‘Kanner méi interessant gëtt.
Gläichzäiteg muss d’Gemeng sech de Besoinen vun hieren eeleren Matbierger upassen. Et duerf kee
vergiess ginn. Op déi Erfueren musse mir lauschteren an d‘Interessen vun de jonke Biergerinnen a
Bierger mussen vertrueden sinn.

Momper Julie

28 Joer – Master an der Germanistik an Mataarbechtertin an enger Librairie, Ettelbréck

D’Julie Momper huet 28 Joer an ass zu Ettelbréck grouss ginn. D’Julie huet een Bachelor a Master an der Germanistik a schafft an enger Librairie . Sproochen sinn verbonnen mat Diversitéit an engem Outil vun engem gesellschaftlechen Mateneen.
Genau dowéinst ass et esou wichteg dat d’Kultur erhale bléift. Als staark Fra wëllt sech d’Julie fir eng nohalteg Gemengepolitik asëtzen an daat an den wichteg Kapitelen ewéi dem Tourismus an der Kultur wou hatt sech besonnesch fir d’Erhalen vun eisem kulturellen Patrimoine asetzen wëllFir hatt steet fest: Mir sinn eng dynamesch Gemeng mat enger kultureller Diversitéit an enger staarker Zukunftsperspektiv. Eng Gemeng an der een sech gär trëfft an Zäit verbréngt.

Nicolay Pascal

53 Joer, Schäffen, Bibliothécaire-documentaliste gradué, Ettelbréck

Als nächsten Kandidat stëlle mir iech de Pascal Nicolay vir. Hien ass 53 Joer al an schafft als “Bibliothécaire-documentaliste gradué” an der Nationalbibliothéik. Säit 2005 vertrëtt hien d’Interessen vun de Biergerinnen a Bierger am Gemengerot an huet säit dem September 2022 och d’Mandat vum Schäffen iwwerholl. A senger Fräizäit engagéiert hien sech enner anerem am Patton Musée, der Ettelbrécker Bibliothéik an den (Ettelbrécker) Archiven. Hien as zousätzlech nach a verschidden Gemengekommissiounen aktiv (Secherheet, Integratioun, Finanzen). 

Fir hien steet fest :

 Den Image de marque vun der Stad Ettelbréck an d’Secherheetsproblematik ass een Deel dovunner an duerfen net verluer goen.

Oliveira Monteiro Mélanie

32 Joer, Enseignante, Ettelbréck

D’Mélanie Oliveira Monteiro ass 32 Joer al an Enseignante an der
Ettelbrécker Grondschoul. Niewent sengen politeschen an schouleschen Engagementer ass him Sport an Zäit mat sengen Léifsten immens wichteg.
Virun fënnef Joer (2016) huet d’Mélanie zesummen mat “Project Abroad” am Costa Rica een Benevolat ëmgesat a gehollef beim Opbau vun enger néier Schoul. Nom Opbau vun der Schoul, ass den Projet weidergang a Form vum Opstellen vun engem pädagogeschen Konzept an dem Ënnerriichten wärend engem Joer.
Fir hatt steet fest : Ettelbréck huet immens vill Potenzial duerch seng multikulturell Facette. Als Enseignante an Meedchen vun portugiseschen Elteren ass et him wichteg de Kanner an den Jugendlechen ee qualitativen Enseignement unzebidden den op hier Besoinen an Interessen ageet. Dofir fënnt Mélanie den Projet vun den Quartiersschoulen zu Ettelbréck een richtegen  Schrëtt an déi gutt Richtung.

Peiffer Tom

28 Joer, Enseignant, Ettelbréck

De Tom Peiffer, den gebiertegen Ettelbrécker huet 28 Joer an ass Schoulmeeschter.
Als passionéierten Sportler leien him d’Fräizäit- an Sportsméiglechkeeten an der Gemeng besonnesch um Häerzen. Dowéint brauchen mir eis staark Veräiner, eis vill engagéiert Benevoller an déi néideg Infrastrukturen.
Fir hien steet fest: Den Sport bitt déi ideal Plaz fir all d’Mënschen zesummen ze bréngen. Als Gemeng musse mir weiderhin ideal Viraussetzungen schafen, fir eis Sport- an Fräizäitoffer attraktiv ze gestalten an fir jiddereen zougänglech ze maachen.

Pinto Ana ép. Grosber

47 Joer, Fonctionnaire, Ettelbréck

D’Ana Pinto huet 47 Joer a schafft als Fonctionnaire beim Staat no sengen Studien am Santésberaich.
Nieft der Famill an de politeschen Engagementer an der Gemeng, investéiert d’Ana seng Energie a verschiddenen benevollen Associatiounen ewéi « La voix des survivant(e)s» an d’ « Schungkëscht Asbl »
Hatt gesäit sech als portugisesch-lëtzebuergesch Matbiergerin, der den sozialen Zesummenhalt vun der Gesellschaft um Häerz läit.
Fir hatt steet fest:
Mir wëllen eis asetzen fir dass Ettelbréck nach méi eng attraktiv a sécher Geschäftsstad bleift, wou een gudd zesummen liewen kann.

Rasqui Luc

56 Joer, Gemengeconseiller, Employé bei der Spuerkeess, Ettelbréck

De Luc Rasqui huet 56 Joer an wunnt vun klengem un zu Ettelbréck, ass bestuet an Papp vun 2 Jongen. Hien schafft zënter 37 Joer als Employé op der Spuerkeess
Hien ass täteg an verschiddenen Kommissiounen an säit dem Oktober 2022 ass hien Member vum Ettelbrécker Gemengerot.
Duerch säin Engagement an der lokaler Sektioun vun der Croix-rouge  an dem lokalen Dësch-Tennis Club ass dem Luc den sozialen ewéi och den sportlechen Beräich wichteg.
D’Liewensqualitéit, d’Wunnqualitéit, d’Bildung an d’Sécherheet stinn fir hien am Vierdergrond, dofir mécht hien sech staark fir engt méi schnellt d’Emsëtzen vun verschiddenen Projeten (Projet Maartplaz, Projet Gare, Projet Contournement, Projet Schoul Waarken, Erneierung vun den Stroosseninfrastrukturen, asw.).

Renckens Lucien

65 Joer, pensionéierte Fonctionnaire, Ettelbréck

De Lucien Renckens ass 65 Joer al, Papp vun zwee Kanner a pensionéierte Staatsbeamten. An der Gemeng ass hien nieft der Tätegkeet an der Sécherheetskommissioun och an verschiddene Comitéen ewéi z.B. LPPD Norden, dem CAPA, der Antenne collectif an och souwéi an der Gewerkschaft vun den Expéditionäre vun der Post.
Fir hien steet fest:
Ettelbréck ass eng Stad mat vill Potenzial, och wann et net ëmmer einfach ass mat den Erausfuerderungen eenz ze ginn. Aus dem Grond wëlle mir eis weider dofir asëtzen, dat eng erhéijten Unzuel u Police Beamten kënnt an eng gesetzlech legal Kameraiwwerwaachung accordéiert gëtt.

Wagner Elisabeth

34 Joer, Assistante sociale, Ettelbréck

D’Elisabeth ass eng jonk Mamm vun 34 Joer. Fir d’Elisabeth gëllt et eis Gemeng an alle Beräicher fit fir d’Zukunft ze maachen an esou der nächster Generatioun ze erméiglechen gären zu Ettelbréck grouss ze ginn.
Duerch säin Beruff an seng privat Situatioun, déi sech geännert huet – d’Elisabeth ass Mamm ginn vun engem klenge Jong- leien him d’Kanner an hir Familjen besonnesch um Häerz.
Eis Gemeng soll eng Plaz sinn fir Jonk an Al. Jiddereen soll sech wuel fillen.