Skip to content

CSJ Nationalkongress

Back to the future…

Den CSJ Nationalkongress zu Déifferdeng am 1535° creative hub war e vollen Erfolleg. Zesumme mam Luc Frieden si mir domat als CSJ offiziell an dëst spannend Waljoer gestart. Och CSJler an CSJlerinnen vun der CSV Ettelbréck waren mat dobäi. E grousse Merci gëllt dem Georges Mischo, Buergermeeschter vun Esch an dem Serge Wilmes, 1. Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, déi onse jonke Gemengekandidaten hir Erarungen an Tipps mat op de Wee ginn hunn.

Do dernieft hu mir 2 wichteg Resolutiounen zu der Energie an de Gemengen an e Positiounspabeier zu der Ukrain diskutéiert an ugeholl. ➡️https://csj.lu/positiounen/

Mee kuckt selwer. D’Fotoe schwätze fir sech ⤵️

Och mir als CSV Ettelbréck beméien eis Jonker fir d’Politik ze motivéieren. Dowéint sinn mir frou 5 Jonker op eiser Lëscht fir d’Gemengewalen 2023 ze hunn.

  • Koks Vincent (25 Joer)
  • Lutgen Charel (28 Joer)
  • Momper Julie (28 Joer)
  • Oliveira Mélanie (32 Joer)
  • Wagner Elisabeth (34 Joer)

Beitrag deelen