Skip to content

CSV Ettelbréck-Waarken um CSF Nationalkongress

Never apologize for being a strong woman 💪

Iwwersat heescht dëst Zitat: Entschëlleg dech ni eng staark Fra ze sinn. Den 10ten Mäerz ware mir um CSF Nationalkongress.

Hei krute mir ee Bild doriwwer, dass mir vill Fraen hunn, déi Politik reforméieren, matgestalten a mat entscheeden wëllen. Dobäi goung et den Owend nieft dem offiziellen Deel ëm d’Bedeitung an d’Roll vun der Fra an eiser Gesellschaft, den Erausfuerderungen tëscht Politik an Privatliewen an der qualitativer Betreiung vun eise Kanner a Jugendlechen. Mir als CSV Ettelbréck-Waarken soen der CSF Basisorganisatioun villmools Merci fir d’Invitatioun an fir den gelongenen Owend.

Beitrag deelen