Skip to content

CSV goes Europe

đŸ‡±đŸ‡șđŸ‡ȘđŸ‡șLĂ«tzebuerg huet gewielt. Europa huet gewielt an d‘CSV krutt et hin, dĂ©i 2 SĂ«tz ze behaalen. Bravo un eis 6 Kandidaten a Kandidatinnen. Mir sinn voller Zouversiicht, dass den Christophe Hansen als KommissĂ€r genannt gĂ«tt. Well domadder hĂ€tte mir gleich 3 positiv Nouvellen:

1. D‘CSV gĂ©if den KommissĂ€r fir LĂ«tzebuerg am Europaparlament stĂ«llen đŸ«”đŸŒ

2. D‘Martine Kemp gĂ©iff als MEP an d‘Europaparlament kommen đŸ€

3. Den Jean-Paul Schaaf gĂ©iff als DeputĂ©ierten zrĂ©ck op de Krautmaart kommen 😍

Mir wĂ«llen awer op deser Plaatz dem Metty Steinmetz, dem MĂ©lanie GrĂŒn an och dem Guy Breden fir hier Resultater gratulĂ©ieren. Well och si beweisen, dass een als Newcomer bei den EU Walen och op een gutt Resultat kann kommen đŸ‘đŸ»

Fir eis ass kloer, dass elo all Parteien fir den Rechtstaat, fir Europa an fir eng Demokratie am Fridden zesummenhaalen mussen an dass och een ADR gefuerdert ass, dĂ«ser Aufgab nozekommen. An mir hoffen trotz den erschreckenden rietsextremen Tendenzen an ganz Europa, dass d‘Europaparlament gestĂ€rkt aus desen Walen erausgeet

Beitrag deelen