Skip to content

D’CSV kënnt zréck an d’Regierung

Gëschter huet Lëtzebuerg fir de Wiessel gestëmmt an een Zeechen gesat, dass d‘CSV fir déi nächst 5 Joer an d‘Regierung zréck muss 👏🏻 Bravo un all déi Gewielten. Fir den Norden war dës een staarken Erfolleg. Domadder ass och gewosst, dass mir déi nächst 5 Joer eng grouss Verantwortung kréien. Dorop kënnen mir stolz sinn!

Mat Bedaueren hunn mir gëschter awer och missen materliewen, dass den Jean-Paul Schaaf nemmei gewielt ginn ass an dass mir domadder eis Haaptkontaktpersoun um Krautmaart verléieren. Mir stinn zu 100% hannert him an soen him villmols Merci fir säin onermittlechen politeschen Asaatz. Een groussen Verloscht fir d’Chamber an och fir den Norden. De Jean-Paul huet während 20 Joer Ettelbréck als Buergermeeschter geleed an huet zanter bal 12 Joer eng pertinent Aarbecht an der Chamber fir den Bezierk geleescht. Merci Jean-Paul fir deng Leeschtung an fir däin Engagement.

Awer och Merci soen mir iech dobaussen fir äer Stëmmen an äer Ënnerstëtzung 👏🏻

Beitrag deelen