Skip to content

Etat de la nation 2024

Haut war den État de la Nation bei dem den Staatsminister Luc Frieden d‘Wuert un eis Matbierger an Matbiergerinnen geriicht huet. An knapp zwou Stonnen huet hien iwwer vill Mesuren geschwat an ennerschiddlech Pläng zu den Themen Wunnengsbau, Steierklass, Steierupassungen, Präissdeckel, Klima, Mobilitéit virgestallt.An Zäiten vun Krich an den europäeschen Erausfuerderungen stoung do besonnesch och den Fridden, d‘Fräiheet an d‘Secherheet am Virdergrond. Aus dem Grond ass aus senger Ried och ganz besonnesch d‘Garantie vun Mesuren géint d‘Aarmut, géint de Klimawandel an fir d‘Ennerstetzung vun eise Betriber erauskomm. Besonnech markant war d‘Ausso: Aarm mecht krank an Krank mecht Aarm.

Politik funktionneiert just am Dialog an Entscheedungen kennen just dann geholl ginn, wann d‘Léit matagebonnen ginn fir eng Bürokratie ze verhënneren. Dowéint wëll hien den Dialog mat den Jugendorganisatiounen, -parteien an der Gesellschaft sichen. Dei kommend Erausfuerderungen sinn der vill. Dat ass sech d‘Regierung bewosst an mir als CSV Sinn voller Zouversiicht, dass si deser Verantwortung gerecht ginn

Beitrag deelen