Skip to content

Vereedegung vun den néien Gemegerotsmemberen

Den Dënschdeg (11ten Juli 2023) gouff Moies eisen néien Schäfferot vun der Inneministesch vereedegt an Owes den Gemengerot vum néien Buergermeeschter Bob Steichen. Op dëser Platz wëlle mir all de Memberen aus dem Gemengerot félicitéieren an wënschen hinnen eng gutt Hand fir déi nächst 6 Joer. Fir iech am Gemengerot sinn d‘CSV Mandatairen den Jean-Paul Schaaf (eischten Schäffen), den Pascal Nicolay (2ten Schäffen bis Juli 2027), den Luc Rasqui (Conseiller), den Tom Peiffer (Conseiller), den Vincent Koks (Conseiller). Mir soen iech am Numm vun der ganzer CSV Ettelbréck-Waarken Ekipp Merci fir ärt Vertrauen an mir maachen eist Bäscht fir gemeinsam mam Koalitiounspartner an den aaneren Vertrieder aus dem Gemengerot d‘Interessen, d‘Suergen an d‘Wënsch zu Ettelbréck, Waarken an Grenzen ze vertrieden #Justdoit

Um Kiermesbal (14ten Juni 2023) krutten eis d’Mandatairen (déi Néi an déi di nach keng Ovatioun hatten) dunn och nach eng Corbaille vun der Gemeng. Een flotten Moment um Äschenhiwwel zu Ettelbréck.

Beitrag deelen